LU
Den Escher Conservatoire bitt eng breet Pallett vu Coursen an de Sparte Musek, Schauspill an Danz un. Déi individuell Instrumentecoursë sinn dobäi e wichtege Bestanddeel vum Museksdepartement. Hei léieren d‘Kanner Schrëtt fir Schrëtt hiert Instrument beherrschen. De Sënn an Zweck dovun ass, mat aneren zesummen ze spillen. Déi Geleeënheet kréien d’Schüler∙inne vu klengem un an eise diversen Ensembelen an Orchesteren. Esou entsteet eng reegelrecht Symphonie vu verschiddenen Instrumenter, Sträicher a Bléiser gemëscht, déi op dësem Owend an engem flotten an ofwiesslungsräiche Programm virun engem gréissere Publikum erkléngen.
FR
Le Conservatoire d’Esch-sur-Alzette propose une large palette de cours dans le domaine de la musique, des arts de la parole et de la danse. Les cours individuels instrumentaux sont donc un élément important du département de musique. Pas à pas, les enfants apprennent ainsi à maîtriser leur instrument. Le but de cet apprentissage est de jouer ensemble en groupe. Les élèves ont l’opportunité d’intégrer nos ensembles et orchestres dès leur plus jeune âge. C’est ainsi que se crée une vraie symphonie d’instruments, qui résonneront lors de cette soirée devant un public plus large, dans un programme divertissant et varié.
Informations conservatoire.esch.lu / tél. 2754 9725