skip_to_content
Vendredi 25 octobre 2024
Début: 20:00
120 min. + pause
15€ / Étudiant∙e∙s 8€
Harmonie de Soleuvre
Concerts
Winds

“Orange is the new black” ass net just den Titel vun enger Netflix-Serie, mee kéint och den Titel vun dësem Concert vun der Zolwer Musek sinn.

D’Concerts-Rei zum Thema Faarwen, déi 2016 mat der Faarf Schwaarz ugefaangen huet, ass mëttlerweil eng fest Traditioun am Oktober.

Fir awer elo net Äppel an Orangen ze vergläichen, hei méi Informatiounen zu dësem Frëndschafts-Concert, de Freiden, 25. Oktober ëm 20 Auer am Artikuss!

Invitéiert hu mir dëst Joer den „Unisson Orchestra Aubange-Halanzy“ ënner der Direktioun vum Alain Crepin, fir eng Hallschent vum Concert ze spillen an eis sécherlech dat ze bestätegen, wat och schonn de Frank Sinatra sot: “Orange is the happiest color!”

Fir all weider Informatioune kuckt roueg op der Facebook-Säit vun der Harmonie de Soleuvre an op www.harmoniedesoleuvre.lu

Tickets Oweskeess