Vill Kaméidi fir näischt?

Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

LU
Et si schaardeg Zäiten an d’Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen, an deem d’Rief laanscht d’Mousel verdiert, d’Sauer duerch d’Fielse just nach rënnt an d’Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d’Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.
De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass.

FR
Connu pour son ironie mordante, l’auteur luxembourgeois Roland Meyer nous propose une soirée lecture/cabaret surtitré ‹ Vill Kaméidi fir näischt ? › que l’on pourrait traduire par ‹ beaucoup de bruit pour rien ? ›. Dans son tout dernier spectacle l’auteur analyse quelques actualités passées et présentes du pays et questionne si tout le grabuge fait autour en vaut la peine.

Représentation en langue luxembourgeoise.

 

Organisation: Artikuss & Commission de la Culture de la Commune de Sanem

Date

March 24, 2023

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

Entrée gratuite

Tickets en prévente

Weider Informatiounen zur Liesung fannt Dir Ufank 2023 op dëser Säit

Lieu