Um Stamminee

Pir Kremer   /    Claude Mangen

Eng musikalesch-satiresch Revue iwwert 1960er a 1970er Joren zu Lëtzebuerg aus dem Mond vum Pir Kremer!

En Hommage un de Lëtzebuerger Auteur Pir Kremer.

Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach.

D’Equipe ronderëm de Regisseur Claude Mangen zeechent e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker! De Spektakel sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken.
FC Schinnegebeess oder Ran an de GoalDem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemools entstane sinn. Bei äis doheem an der FamilljenEch Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngscht ofgeschaaft gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d’Verkéiers Situatioun beim Pole Nord op d’Schëpp.

Collage a Regie Claude Mangen Text an Dramaturgie Sarah Rock

Musikalesch Leedung an Arrangementer Georges Urwald Regieassistenz Christophe Bleser

Et sangen a spillen Jeff Elcheroth, Véronique Kinnen, Deborah Marinkovic, Rafael Parrinha

PIK Band: Saxophon Jessica Quintus Trompett Gilles Burgund Kontrabass 

Tom Wiot Perkussioun Max Sauber Piano Georges Urwald

Bühn Jeanny Kratochwil Kostümer Ulli Kremer Mask a Coiffuren Julie Asselborn Habilleuse Henriette Hengen

Fotoen Pierre Weber Produktioun Mierscher Kulturhaus Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun RTL

Date

February 06, 2021

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

25€ (Studenten 19€)

Tickets en prévente

http://tickets.luxembourg-ticket.lu/30288

VVK: www.luxembourgticket.lu (Tel. +352 470895-1) a bei der Gemeng Suessem.
D’Ticketen mussen am Virverkaf kaft ginn. Et fonktionnéiert keng Oweskeess. Den Organisateur stellt e Sëtzplang op.
Den Owend vum Spektakel gëllen déi aktuell Covid-Restriktiounen.
Jidderee muss seng Mask undoen a sëtzt op zwee Meter Ofstand zu séngem Noper.
Leit aus engem Stot däerfen nieftenee sëtzen.
Et däerf kee Gedrénks an Iesse verkaft ginn.

Lieu