No hirem Optrëtt am Oktober 2017 am Artikuss, kommen Tower Of Power zréck op Zolwer. Den 8. November 2020 spille Si op e Néits am Artikuss.

Mat « Step Up » ass de 25. Mäerz 2020 e ganz neien Tower Of Power Album erauskomm. Genee dee wäerten d’US Amerikaner am November zu Lëtzebuerg presentéieren.
Déi legendär Kalifornesch Band gëtt et scho säit 1968. Hire neien Album ass hire mëttlerweil 26. Longplayer.

Zu hirem 50. Bandjubliäum am Joer 2018 hunn d’Museker vun Oakland e neien Album erausbruecht gehat. Dee Moment wosst nach keen, dat et en zweeten Deel dovu géif ginn. Deen Album gëtt am Hierscht op hirer grousser Tour presentéiert. Lidder wéi “What Is Hip?”, “You’re Still A Young Man”, “So Very Hard To Go” an “Down to the Nightclub” wäerten heibäi net feelen.

Funk, Groove, Bléiser a villes méi, dofir steet Tower Of Power.

 

 

Date

November 08, 2020

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

Prochainement

Tickets en prévente

De Virverkaf wäert an de nächste Woche starten.

Lieu