D’Éilerenger Musek an den Ensemble Vocal Vivace invitéieren op hire gemeinsame Charity Concert kuerz viru Chrëschtdag. Et erwaart Iech e Mix aus Gesank an Orchestermusek, mat am 1. Deel vum Owend Chouergesang vum Feinste mam Ensemble Vivace vu Käerjeng.

No der Paus héiert Dir d’Éilerenger Harmonie an de Schluss vum Owend héiert Dir déi Ensembelen zesumme mat ausgewielte Wierker fir Harmonieorchester a Chouer. D’Chorale steet ënner der Leedung vum Ulric Evrard an d’Éilerenger Musek gëtt vum Claude Weiland dirigéiert.

Virun de Feierdeeg denke mir awer och un déi Leit deenen et net esou gutt geet, dofir steet dësen Owend och ënner dem Motto « Together for Charity ».

Date

December 17, 2022

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

20€ / Etudiants 15€

Tickets en prévente

Tickets

Tickets: www.harmonie-eilereng.com / 621 215 477
Informatiounen: www.harmonie-eilereng.com / www.vivace.lu

Lieu