Take 6 si 6 US Amerikanesch A Cappella a Gospel Museker. 10 Grammy Awards an eng sëllege Nummer 1 Hits, e.a an den Jazz, Soul a Gospel Charts, stinn an hirem Palmarès.

An den 80er Joren hunn d’Museker sech zesumme gedoen. Bis haut hu si mat Nimm zesummegeschafft wéi Whitney Houston, Ray Charles, Quincy Jones a Stevie Wonder.

 

2018 ass mat « Iconic » hire leschten an aktuellen Album erauskomm. Deen huet et op d’Plaz 1 vun de US Billboard Jazz Charts gepackt. Deen Album presentéieren déi 6. Männer mat den aussergewéinleche Stëmmen, de 25. November 2020 am Artikuss.

 

 

Date

November 25, 2020

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

Prochainement

Tickets en prévente

De Virverkaf wäert an de nächsten Deeg a Woche starten.

Lieu