E Musical vu Kanner fir Kanner

De Kannertheatergrupp Dausendbengchen an d’ONG Hand an Hand presentéieren hiert neit Theaterstéck Prima Klima:

Um Nordpol an um Südpol liewen den Äisbier Lutz an de Pinguin Professer Dr. Ping. Hier Äisplacke ginn ëmmer méi kleng an esou beschléisse si, bei d‘ Mënschen ze goen an hinne kloer ze maachen, dass et esou net virugoe kann. An enger Stad treffe si op d‘ Liz, d‘Lucie, d’Poline an d‘Zwillinge Patrice a Patricia. Och an hirer Wunneng dreiwen d‘Stroumfriesser Ampere, Volt a Watt hiert Onwiesen. D‘Kanner kréie vum Äisbier an dem Pinguin d‘Lizenz fir ofzeschalten… Wäerte si et zesumme mat hire Frënn, de klengen Helden, packen déi béis Stroumfriesser fortzedreiwen?

 

Informatiounen: Facebook ʽKannertheater Prima Klimaʼ & 691 550 175

Date

June 26, 2022

Heure

15:00 PM

Prix par ticket

9€ / Kanner 6€ (<12 Joer)

Tickets en prévente

Maison Relais Sanem

Virverkaf: www.maison-relais-sanem.lu & Facebook ʽKannertheater Prima Klimaʼ

Lieu