D’Harmonie Éilereng invitéiert op di 3. Editioun vun hierem Neijoerschconcert.

An engem festleche Kader presentéiert d’Musek ënnert der Leedung vum Claude Weiland am 1. Deel vum Concert ausgewielte Wierker fir symphonescht Blosorchester, am 2. Deel dann huele mir Iech mat an de klassesche Stil vun der Wiener Musek, ganz passend fir de Joresufank. D’Danzkoppele Quazzotti-Fogel a Leboutte-Adam vum Danzsportclub Rout-Wäiss-Blo weisen Iech mat hire Prestatioune wéi schéi Wienerwalzer ka gedanzt gi.

Fir di interesséiert Gäscht bidde mir virum  Concert um 18:30 en schéine Menü (Amuse bouches – assiette froide gourmande – Kuch – Kaffi) op grousse ronnen Dëscher un. Mir bieden dofir onbedéngt ze reservéieren, d’Platzen heifir si limitéiert.

Fir de festlechen Aspekt vum Owend ze garantéieren, biede mir em Tenue correcte.

Weider Informatioune fannt Dir op www.harmonie-eilereng.com

Date

January 08, 2022

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

20€ / 15€ étudiants

Tickets en prévente

Tickets

Tarif:
20€
60€ (mat Dîner)

Etudiants
15€
55€ (mat Dîner)

Virverkaf op www.harmonie-eilereng.com oder Tél. 621 215 477

Lieu