En zauberhafte Musical vu Kanner fir Kanner!

Wäit, wäit fort vun hei, wou nach ni e Mensch hikomm ass, do leit dat wonnerschéint Elfeland. Hei regéiert d Elfekinnigin Lilia iwert Elfen, Päiperleken an Hummelen. Si beschützt hiert Räich mam Zauber vum geheimnissvollen Elfestëpps… Just e lëschtegt, frecht Elfenkand dréint ëmmer alles op d’Kopp: d’Mirinda Zauberwand. Mirinda spillt oft Spiichten an experimentéiert och mol gären mam Elfestëpps…

Mee heiansdo ass hatt awer och ganz traureg, well et net weess wien seng richteg Elteren sinn. D‘Mirinda erlieft zesummen mat sénge Frënn Nelly, Wing, Cindy a Flory vill Abenteuer, geet esouguer bis an den däischtere Schietbësch… Geléngt et dem Mirinda do endlech säin eegent Geheimnis erauszefannen? A wat mécht dee Rico Gëftstachel mat senge Schwaarzharespelen an der Herrscherin Lulu?

Kommt a féiwert mam Kannertheatergrupp Dausendbengchen an eisem neien Kannermusical  Mirinda Zauberwand…

Org.:  „Amicale de la Maison Relais de la Commune de Sanem“, der ONG „Hand an Hand“ an dem Kannertheatergrupp „Dausendbengchen“.

 

Date

February 04, 2018

Heure

15:00 PM

Prix par ticket

8.- (Kanner 5.-)

Tickets en prévente

Reservéiert är Plazen op www.maison-relais-sanem.lu

oder op Facebook „Kannertheater Mirinda Wirbelwand“

Lieu