MAKADAMMEN – TURLATÄIN

E ronne Gebuertsdag steet an d’Haus. Gefeiert gëtt en « toute intimité », am engste Familjekrees. Eng gutt Geleeënheet fir sech erëm ze gesinn, a sech esou ze gi wéi ee wierklech ass.  Et gesäit jo keen et. Et ass ee jo ënnert sech. A wat an der Famill geschitt, geet déi aner näischt un. Et gëtt debatéiert, philosophéiert, beschass , gestridden, gelaacht , gesongen an et ass een ëmmer erëm iwwerrascht iwwert deem anere seng Naupen a Gewunnechten, obschonns ee gemengt huet, et géif een déi besser kenne wéi seng eege Boxentäsch, jee…….en Turlatäin ouni Enn.

Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor

Musek a musikalesch Begleedung: Netty Glesener

Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy Molitor

Regie: Jacqueline Posing-van Dyck

Dekor: Christian Klein

Kostümer: Christian Klein an Yvette Engel

Affiche a Fotoen: Pitt Becker

Beliichtung an Technik: On Stage Light

Méi Detailer op: www.makadammen.lu

 

Date

January 31, 2018

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

16.- (étudiants: 12.-; groupes: 14.-)

Tickets en prévente

http://luxembourgticket.lu

Prévente sur www.luxembourgticket.lu et à l’adm. communale de Sanem.

Lieu