Lëtzebuerger Fräiheetslidder

Eng musikalesch-politesch Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht

 

Besser wéi vill aner historesch Quellen kënne politesch an engagéiert Lidder d‘Gefiller vun einfache Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hir Trauer. Historesch Lidder erzielen dobäi net just déi offiziell Geschicht vu Lëtzebuerg, mä si erlaben och eng aner Siicht op déi Geschicht: en Abléck an d‘Häerzer, d‘Gedanken an d‘Gewësse vun den einfache Mënschen.

Déi meescht politesch Lidder si Spottlidder, Kampflidder, a Lidder iwwer a vu Fräiheet an Demokratie. An dësem Programm héiere mer Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserung, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet. Lidder vun de Revolutioune vu 1830 an 1848, vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet, iwwert d‘Emigratioun an Amerika, Lidder iwwer sozial Mëssstänn, den Antiklerikalismus, Aarbechter-lidder, d‘Emanzipatioun vun de Fraen, den éischte Weltkrich an d‘politesch Reaktioun aus deeër Zäit, den Asaz géint d‘Maulkuerfgesetz a fir d‘spuenesch Republik, Lidder géint d‘Nazien an aus de KZer, iwwer d‘Liberatioun an d‘Konsumgesellschaft nom Krich.

Déi Lidder si vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen agebett.

Mam Eugénie Anselin, Jean Bermes, Nataša Grujovic, Elisabet Johannesdottir a Georges Urwald

Konzept, Musek- an Textauswiel: Marc Limpach

Musekauswiel an Arrangementer: Georges Urwald

Eng Organisatioun vum Schäfferot an der Kulturkommissioun vun der Gemeng Suessem

 

Date

October 22, 2018

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

8.- (Oweskees)

Tickets en prévente

Lieu