Déi éischt Editioun vun der Zolwer Musek hirem Kleesechersbal fënnt bei schéinem wanterleche Wieder op der Open Air Bühn virum Artikuss statt. Ab dem spéiden Nomëtte bis an d’Nuecht era fannen hei flott Concerte vun der Zolwer Musek an hirer Jugendmusek, de Christmas Jumpers an de Saxinis aus dem Escher Conservatoire statt. Als kréinenden Ofschloss suergt Afrobeathoven mam Claire Parsons, Pol Belardi, Niels Engel a Jérôme Klein fir Christmas Partystëmmung. D’Zolwer Musek versprécht Iech Choraoke Feeling an dass Dir Är Féiss deen Owend net wäert kënne roueg halen.

Bei de verschiddene Stänn gitt Dir mat Iessen a Gedrénks versuergt an déi flott Chrëschtdeko versetzt Iech direkt an eng schéi wanterlech Stëmmung. Falls d’Wieder net matspillt fannen d’Concerten dobanne statt.

 

Date

December 04, 2021

Heure

17:00 PM

Prix par ticket

5€ (Tarif unique)

Tickets en prévente

TICKETS: Am Virverkaf bei de Musikanten aus der Zolwer Musek an an der Oweskeess

CovidCheck Event

Lieu