Maacht Iech prett fir déi 3. Editioun vu KLAPP DEN ENGEL, d’Spillshow vum Joer e Samsden, 17. November 2018 am Artikuss zu Zolwer!

An dëser Show, déi ënnert dem Patronage vun der Zolwer Musek steet, gëtt de Buergermeeschter vun der Gemeng Suessem, de Georges Engel, vun engem/enger Kandidat/in erausgefuerdert.

Aus enger Preselektioun vu 4 Leit gëtt de Géigner vum Buergermeeschter vun de Spectateuren eraus gewielt. A verschidde Spiller stellt de Kontrahent seng sportlech Ausdauer, seng Geschécklechkeet souwéi och seng gro Zellen ënner Beweis.

* Dëst Joer waarde 6000€ op de Gewënner!

* Presentatioun: Dan Spogen
* Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!
Org. Zolwer Musek

Date

November 17, 2018

Heure

19:30 PM

Prix par ticket

20€ / 15€

Tickets en prévente

Lieu