Dee Leschte mécht d’Luucht aus

Also elo emol ganz éierlech, kann ee bei all deene Katastrophen nach Kabaret maachen?

D’Welt geet virun eisen Aen d’ Baach an, an eis bleift de Mond opstoen:
d’Klima hëtzt sech op, Corona setzt nach een drop, an der Ukrain gëtt geschoss, Bensinn a Mazout ginn alt méi deier an eng Wunneng ka geschwë keen sech méi leeschten. D’Regierung huet just nach d’Superwaljoer 23 am A an Italien ass net op der Weltmeeschterschaft.

An do wëlls de Kabaret maachen? Däerf een hautdesdaags iwwerhaapt nach Witzer rappen? An nach vill méi wichteg, däerf een iwwerhaapt nach iwwer déi Witzer laachen?

De Kabaret Sténkdéier beäntwert déi Froe mat engem klore Jo, well den Humor déi bescht a wierksaamst Medezin an dësen Zäiten ass a bleift.

 

Et spillen : Conny Braquet, Irène Zeimes, Claude Faber, Luc Schumacher
Regie : Joe Heintzen
Regieassistent: Noémie Leer
Texter : Roland Meyer
Musek : Camille Nanquette

Date

February 04, 2023

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

10€ / Etudiants 8€ / Groupes 9€

Tickets en prévente

Tickets

Virrverkaf och bei:

Commune de Sanem
60, rue de la Poste
L-4477 Belvaux
Tél: 59 30 75-1

Lieu