IRINA & CROSSROADS feat. Irina Holzinger « Live & Acoustic »

IRINA

Dem IRINA séng Léift fir Melodien huet si dozou verleet d’Melancholie vun der Folk-Musek an d’Liichtegkeet vun der Pop-Musek  mateneen  ze  kombinéieren.  Hir Musek ass voller Energie, voller Freed an gëtt vun enger aussergewéinlecher Stëmm  ugedriwwen.

 Irina Holzinger (Vocals / Guitar) / Kim Mersch (Guitar) / Bob Mersch (Keys / Accordion) / Davide Mirizzi (Bass) / Erny Sauber (Percussion) / Tom Roilgen (Drums)

 

CROSSROADS featuring Irina Holzinger   « Live & Acoustic »

Wéi am September 2016, bei den Opname vun der CROSSROADS DVD « LIVE & ACOUSTIC » am Purple Lounge vum Casino, d’Irina Holzinger op d’Bühn komm ass, konnt de Public direkt déi fantastesch Alchimie tëscht der Sänger-Songwriterin an der Band erkennen.

Zënterhier huet d’Band an d’Sängerin mat der charismatescher Stëmm hir Zesummenaarbecht weiderentwéckelt an decidéiert, eng Promo-Tournée ze organiséieren, fir d’DVD-Blu-ray engem gréissere Public live virzestellen.

(http://crossroads.lu/live-date/)

Am Kader vun där Tournée ass CROSSROADS dann och am ARTIKUSS zu Zolwer, an zwar den 9. Mee zesumme mat der Band IRINA fir en aussergewéinlechen Owend.

Crossroads ass 2001 gegrënnt ginn a besteet aus 4 Museker mat laangjäreger Erfarung. D’Band huet bis elo 3 CDen an eng DVD publizéiert.

Claude Bintz (Git, Gesang), Raym Linden (Git, Slide), Jacques Ruppert (bass) an Jacques Bock (drums)

 

Date

May 09, 2018

Heure

20:00 PM

Prix par ticket

15€ (Studenten: 11€ Grupp+10P.: 13€)

Tickets en prévente

D’Ticketen sinn am Virverkaf ab dem 1. Abrëll 2018.
www.luxembourgticket.lu a bei der Gemeng Suessem

Lieu