Green Concert – Zolwer Musek

Vun ‚Es grünt so grün…‘ bis zum ‚Cordula‘!
D’Zolwer Musek freet sech op déi 6. Editioun vun der Concertsserie ‚Colors’, dës Kéier mat der Faarf ‚Gréng’!
Vläicht hutt Dir jo schonn déi eng oder aner Iddi, wat den Dirigent, Claude Origer, do alles op de Programm gesat kéint hunn, mee e bësse ‚Suspense’ wëlle mir awer nach halen.
Loosst Iech iwwerraschen a freet Iech op een ofwiesslungsräiche, spannenden a gefällege Programm. Invitéiert hu mer dëst Joer d‘Harmonie Victoria Téiteng ënner der Leedung vum Gilles Burgund, mat där mir fir dës Geleeënheet séier op ee gréngen Zweig komm sinn!
Vergiesst wéi ëmmer net, ee faarflech ugepassten Accessoire matzebréngen a kommt den 28. Oktober an den Artikuss, wa mir um 20.00 Auer gréng Luucht ginn!
Date
Heure
Prix par ticket
Tickets en prévente
Ticketen: Oweskeess
Organisateur: Zolwer Harmonie
Informations: www.harmoniedesoleuvre.lu/