Am September 2018 hunn de Joe an de Georges hiren éischten Optrëtt als Duo FLOTT am Stued Theater zu Gréiwemaacher. Si bréngen hirem Publikum virun allem d’Geschichte vu bekannten a manner bekannte Lëtzebuerger Lidder, iwwert Clownerein, Interaktiounen, Gesank a Piano méi no.

Am Mee 2019 huet ganz FLOTT resp. georges urwald & FLOTT mat 5 zousätzleche Museker, säin éischten Optrëtt am Kasemattentheater. Dës Kéier mat neie Kompositioune vum Georges op Texter vu verschiddene Lëtzebuerger Auteure vun Dicks bis Jemp Schuster. Fir de Programm ‘1971’ si säit dem Joer 2020 eegen Texter vum Georges iwwer d’Liewen an Zesummenhang mam Wiese vum Clown entstanen. De Joe Del Toe ass als professionelle Clown a ville verschidde Projeten aktiv. Mat senger mobiler Bün, dem Heal Mobil, mécht hien d’Leit an de Summerméint frou. D’Anne Kaftan ass Therapeutin a Saxophonistin resp. Bassklarinettistin a verbënnt an hire Projeten oft klassesch Musek mat Improvisatioun. De Franz Schilling ass ausgebilte Jurist a gefrote Solo- a Chouersänger a ville professionelle Produktiounen. De Jeff Mack ass bekannt fir seng Qualitéiten als Countertenouer an als Trompettist. De Franck Hemmerlé ass ëmmer op der Sich no neien, originellen, perkussive Kläng a virun allem an der fräier Improvisatiounszeen e vill gefrote Museker. De Georges Urwald gëtt als Museker, Komponist a Musekspädagog zanter Jore mat ënnerschiddlechen, kënschtlereschen a pädagogesche Formater der Lëtzebuerger Lidderkultur en neit Gesiicht.

Date

March 11, 2022

Heure

20:00 PM

Tickets en prévente

prochainement

Lieu