Karaoke Concert

Et ass een nëmmen zweemol jonk – Karaoke Concert mat Lëtzebuerger Lidder.

D’Zolwer Jugendmusek invitéiert op hiren traditionelle Fréijoerscncert an huet sech fir dëst Joer eppes ganz Spezielles afale gelooss. Zesummen treffe mir eis ënnert anerem zu Arel op der Knippche fir zwou Bulle Mokka z’iessen an dobäi ganz gären eise Pättchen ze drénken. Dir hutt et erkannt: gespillt ginn déi beschte Lëtzebuerger Lidder an Dir kënnt a sollt matsangen! Den Artikuss verwandelt sech an eng grouss Karaoke-Bar an d’Jugendmusek, ënner der Leedung vum Stephanie Perna, begleet Iech dobäi.

Informatiounen: jugendmusekzolwer@gmail.com /Tél: 691 170 389

Date

June 11, 2022

Heure

16:00 PM

Prix par ticket

Fräien Entrée / Entrée gratuite

Tickets en prévente

Lieu