« Fréier wor alles … » – Jhemp Hoscheit
Verluecht! Vum 31.03.2020 op den 02.10.2020 an op e Neits vum 02.10.2020 op de 15.01.2021
All d’Tickete vum 31.03.2020 bleiwe gülteg, kennen awer och rembourséiert ginn!
Remboursement via www.luxembourg-ticket.lu & 47 08 95 -1
An hirem zäithistoresche Réckbléck kucken déi zwee Artisten op eng virdigital Zäit zréck. Nom grousse Publikumserfolleg vu ‘Sorry fir deen Duercherneen’ (2017) a ‘Märd alors!!!’ (2019), ass dës nei kabarettistesch Liesung eng ofwiesslungsräich, satiresch Zäitrees vun de 6oer Jore bis haut.
Vum Analoge bis zum Digitalen: Vum Schlappekino bis zum Netflix, vum Haustelefon bis zum iPhone, vum Thé Dansant bis zur Technoparty,… Kuerz: et geet ëm d’Wendung mat der Maus.
Humor, Ironie a Wuertwitz verbanne sech mat enger Dosis Nostalgie.
De Jhemp Hoscheit trëtt am Rollespill mam Museker a Gittarist Jules Arpetti op, deen net nëmmen kabarettisteschen Textinterpret ass, mee och mat de passende Songen an Oldies fir déi zousätzlech musikalesch Ambiance suergt.
Vun a mam Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti.
Date
Heure
Prix par ticket
Tickets en prévente
VVK: www.luxembourgticket.lu (Tel. +352 470895-1)
& Gemeng Suessem (Info: +352 593075-1)