D’Mina an déi vergiesse Melodie

Trio DORA, C. Hengesch, J. Spielmann

fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven

D’Mina wunnt an engem grousse Schlass, an deem och schonns de Beethoven als Gaascht beim Fürst Lichnowsky gewunnt huet. De Viktor, e faarwegt an ëmmer gutt gelauntent Fantasiewiesen ass dem Mina säi Frënd. Och hien wunnt scho laang am Schlass an hat deemools de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert. Hien huet esou guer dierfe mam grousse Komponist zesumme sangen a musizéieren. Dowéinst weess hien och esou munch witzeg Geschicht z’erzielen. Mee wéi hien senger Frëndin seng Lieblingsmelodie vum Beethoven wëll virsangen, weess hien net méi wéi se geet … dat mécht hien traureg. Zesumme mat de Kanner siche mir no der verluerener Melodie. Vläicht kann eis de Mound weider hëllefen?

Fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven huet den Trio Dora an Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch an dem Jenny Spielmann eng musikalesch Opféierung kreéiert, an där d’Kanner d’Liewen an d’Musek vum Komponist op eng spilleresch Aart a Weis entdecke kënnen. D’Kanner ginn opgefuerdert sech aktiv op d’Sich no der verluerener Melodie vum Trio No3 Op1 vum Beethoven ze maachen. Wäerten si d’Melodie erëmfannen?

Dauer 50 Min. Alter 3-6 Joer (Cycle 1) Sprooch Lëtzebuergesch

Date

June 15, 2021

Heure

14:30 PM

Prix par ticket

5€ prix unique

Tickets en prévente

http://tickets.luxembourg-ticket.lu/30882

Tickets ginn et bei www.luxembourgticket.lu (Tel. 470895-1) a bei der Gemeng Suessem.
Infos um Telefon 593075-1
D’Ticketen mussen am Virfeld kaft ginn, et ass keng Dageskees!

Lieu