En ausgetrëppelte Schong

vum Jean-Paul Maes

mam Nora Koenig a Marc Baum

Regie: Fabio Godinho
D’Valérie an den Thierry wore mat hirer Duechter vu siechzéng Joer an der Vakanz an engem nordafrikanesche Land, all inclusive, et wor flott, immens, leider net laang genuch. Erëm doheem fält en ausgetrëppelten Dammeschong aus dem Thierry senger Wallis, och nach grad just dem Valérie an d’Gräpp. Eng Explikatioun, wou deen hierkomme kann, huet den Thierry net.

Lues a lues verblatzen déi schéi Vakanzenimpressiounen an am Fong ausgeléist duerch dëse Schong, ginn déi al Fronten tëschent der Koppel nees opgestallt, Haass, deen am Laf vun de Jore gewuess ass, beemt sech nees op an ee Ligenteppech, deen zënter Joren deem Stot do ënnerläit, weist sech erëm no an no.

De Jean-Paul Maes gehéiert mat e.a. dem Guy Rewenig an dem Nico Helminger zu däer Dramatikergeneratioun, déi ganz no un hire Figure sinn, si an extrem Situatioune geheien an, et huet een d’Impressioun, selwer gespaant ze sinn, wéi si do erëm erauskommen.
Theater aus dem Bauch.

Date

May 12, 2021

Heure

20:00 PM

Tickets en prévente

Lieu