Matten an Däitschland läit eng Stad, déi Hameln heescht. Hameln ass weltberühmt!
Et ginn iwwerall Spillplazen, Äppelbeem, Glaceverkeefer…a Bänken, op déi een sech sëtze kann, wann d’Sonn schéngt. An d’Awunner begréisse sech frëndlech a beschäissen sech och net zevill hannert dem Réck.

Et geschitt matzen an der Nuecht…a mueres, esou géint 8 Auer, rifft de Bäcker Quetschekraut : « Meng Petit-Fouren !! Meng Petit-Foure si verschwonn! »

De Metzler  jäizt: « Méng Wirschtercher sinn net méi do! »

D’Madamm Félicie vum Kéisbuttek jéimert : « Bei mir woren d’Raiber …mäi ganze Kéis as fort ! »

De ganze Gemengerot leet d’Stiir a Falen a mëcht sech gaaanz vill Suergen.

No deem groußen Erfolleg vu séngem “Rotkäppchen”, dat iwwert 300 mol a ganz Europa gewise gouf, daucht den Dan Tanson nees eng Kéier an déi magesch Welte vun de Bridder Grimm.
« De Ratefänger vun Hameln » ass eng spannend Mëschung vun der Originalgeschicht an zäitgenëssercher Situatiounskomik, dëst zesumme mat Live-Musek a fantasievollen Illustratiounen.

 

Betsy Dentzer Erzielung
Juan Carlos Díaz Bueno Flûte
Louisa Marxen Percussioun
Dan Tanson Konzept a Regie
Vincent Biwer Illustratioun en
Alexandra Lichtenberger Costume

Produktioun: Philharmonie Luxemburg

Alter : 5-10 Joër
Dauer : +/-45 Minutten
Sprooch : Lëtzebuergesch

Date

January 25, 2022

Heure

15:00 PM

Prix par ticket

5€ (Tarif unique)

Tickets en prévente

prochainement

Lieu